Léif Päerdsbesëtzer,
Hei sinn e puer praktesch Tipps, fir d’Immunitéit vun Ärem Päerd z’ënnerstëtzen:
- Ausgeglachene Fidderplang
Suergt fir eng equilibréiert Ernierung, déi räich u Vitaminnen, Mineralstoffer an héichwäertegem Protein ass. Fiddert qualitativ héichwäertegt Hee a kompletéiert mat passenden Fuddermëttel, fir den Ernierungsbedierfnesser vun Ärem Päerd gerecht ze ginn. Mir beroden Iech gär iwwer passend Zousazfiddermëttel fir Äert Päerd.
- Reegelméisseg Beweegung
Beweegung ass essentiell fir d’allgemeng Gesondheet. Gitt Ärem Päerd reegelméisseg d’Méiglechkeet sech ze beweegen an z‘trainéieren, fir Muskelen an Immunitéit ze verbesseren.
- Hygiène
Halt den Stall propper, fir Infektiounen ze vermeiden. Regelméissegt Botzen vun den Boxen reduzéiert d’Risiko vu Krankheeten.
- Impfungen a Wurmkueren
Halt d’Impfungen um neiste Stand a maacht reegelméisseg Wurmkueren, fir Parasitenbefall ze vermeiden an d’Immunitéit ze stäerken.
- Roupausen
Suergt fir genuch Roupausen, fir de Stress ze reduzéieren, well Stress d’Immunitéit oofschwäche kann. Eng equilibréiert Balance tëscht Training a Rou ass wichteg. Och Päerd, déi am Laafstall liewen, mussen d’Méiglechkeet hunn sech ze entspanen, ouni vu Kolleege gestéiert ze ginn. Dat ass nëmme méiglech an enger harmonescher Grupp.
- Gesondheetskontroll
Observéiert Äert Päerd reegelméisseg op Zeeche vu Krankheeten oder Verhalensännerungen. Botzt knaschteg Been, fir Verletzungen oder Mauke z’erkennen. Eng fréizäiteg Erkennung erlaabt eng méi séier Behandlung an erhéicht d’Chancen op Genesung.
- Naturheelmëttel a Zousätz
Jonk, al oder verletzte Päerd kënnen duerch Kräider oder Zousazfuddermëttel ënnerstëtzt ginn, déi d’Immunitéit stäerken. Mir stinn Iech gär fir all Froen zur Verfügung a beroden Iech iwwer déi verschidden Zousazfiddermëttel.
Këmmert Iech gutt ëm Äert Päerd an dëser Joreszäit, a wann Dir Froen oder spezifesch Besoinen hutt, zéckt net, eis ze kontaktéieren.